Alkohol um SteierEng ganz Rëtsch Permisen agezunn

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Stonnen huet d'Police nawell dacks missen an den Asaz, well Automobilisten alkoholiséiert ënnerwee waren.
© RTL Archivbild

Géint 14.30 Auer e Samschdeg am Nomëtteg krut d'Police en Auto zu Munneref gemellt, dat matten op der Strooss stoung. De Chauffer vun deem Won hätt donieft aner Fuerer ugepöbelt. En Alkoholtest bei der spéiderer Policekontroll war positiv.

Kuerz no 21 Auer huet eng Automobilistin zu Gréiwemaacher nom Wee gefrot. Well si en alkoholiséierten Androck gemaach huet, gouf d'Police geruff an d'Fra duerno kontrolléiert. Den Test war positiv.
Um 21.30 Auer gouf nach ee Won gemellt, dee matten op der Strooss stoung. Dës Kéier zu Schieren. Och hei gouf d'Police geruff a festgestallt, dass de Chauffer ze déif an d'Glas gekuckt hat.

Zu Wolz gouf géint 22.40 Auer bei en Accident geruff. En Auto hat sech do iwwerschloen. D'Fra am Won gouf liicht blesséiert. Den Alkoholtest war och hei positiv.

Um Belair ass enger Patrull no Hallefnuecht e Gefier opgefall, dat op der falscher Stroossesäit ënnerwee war. Och hei war Alkohol am Spill.

Ee leschten Asaz war et um 5.30 Auer zu Bouneweg. Och hei hat ee Chauffer ze vill gedronk.

Wéi d'Police präziséiert, goufe a sämtleche Fäll de Permis agezunn, respektiv e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt a protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO