
Iwwerdeems am Familljeministère nach eng ronn 150 Demandë vu Stéit opgeschafft ginn, déi eng Indemnitéit wéinst den Iwwerschwemmungsschied ugefrot hunn, ass dës Prozedur och am Wirtschaftsministère de Fall, wou sech no den Iwwerschwemmungen eng 100 Betriber via d'Hotline bei der Generaldirektioun fir de Mëttelstand gemellt hat.
Am Mount Juli goufen et iwwerdeems och 156 Demandë vu Betriber, fir wéinst de futtissen an duerch d'Héichwaasser beschiedegte Produktiounslinnen d'Personal kuerz schaffen ze loossen.
Nieft dësen Ufroe fir Chômage partiel am Fall vun "force majeure" si bis en Dënschdeg och 52 Demandë fir staatlech Hëllefen am Wirtschaftsministère eragereecht ginn. Wann den Dossier komplett ass, goufen dës Suen och bannent zwou Wochen un d'Betriber ausbezuelt.
Vill Firmen hätten awer Schwieregkeete gehat, fir eng Expertis vum Schued erbäizekréien; duerfir goufen an eenzele Fäll Avancen ausbezuelt.