Et gëtt vun enger rarer Krankheet geschwat, wa manner wéi 1 vun 2.000 Persounen dovu betraff sinn. E groussen Deel vun dëse rare Krankheeten hunn eng genetesch Originn, se si chronesch a progressiv. Dacks dauert et laang, bis een déi richteg Diagnos huet an et gëtt meeschtens keen Traitement.
Duerch d'Corona-Kris ware vill Leit mat enger rarer Krankheet am leschte Joer isoléiert, well si besonnesch vulnerabel sinn. Fir ze weisen, datt u si geduecht gëtt, huet de Gesondheetsministère an Zesummenaarbecht mat der Associatioun Alan dës Woch eng Aktioun lancéiert mam Numm "Light It Up".
Zanter e Mëttwoch ginn eng Rei Gebaier owes faarweg beliicht, dorënner de Waassertuerm um Ban de Gasperich an der Stad, d'Colonnes des Nations zu Schengen, de CHL, de Chem an de Rehazenter.