"Dynamesch, engagéiert, fir Iech"En neit Kommunikatiounskonzept fir d'Gemeng Conter

RTL Lëtzebuerg
Grouss Gemengen hunn dacks en eegent Kommunikatiounskonzept. Bei méi klengen ass dat méi seelen. D'Gemeng Conter huet de Schratt elo gewot.
© Nadine Kremer

Neit Kommunikatiounskonzept Conter / Rep. Nadine Kremer

Mam Motto „Dynamesch, engagéiert, fir Iech" soll jiddereen - Bierger, Veräiner an d'Industrie - an eng interaktiv a méi cibléiert Kommunikatioun mat abezu ginn. D'Gemeng sëtzt méi op d'Digitaliséierung an ass domat och ee vun de Virreider zu Lëtzebuerg.

D'Gemeng Conter huet viru Kuerzem hire 4000. Awunner enregistréiert. Duerch de Wuesstem wier et fir d'Gemengeresponsabel méi schwéier, no beim Bierger ze sinn an dëse beschtméiglech ze informéieren. Zemools a Pandemie-Zäiten hätten d'Leit vill Froe gehat. Dofir wier de Wëllen opkomm, d'Kommunikatioun ze optimiséieren, esou d'Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet:

"Et goung an éischter Linn dorëms ze definéieren, firwat mir als Gemeng stinn a weiderhi wëlle stoen, fir eis Aarbecht als Verwaltung wëllen ze definéieren an dat och no baussen an eiser Kommunikatioun an eiser neier Charte graphique an eisem Logo duerzestellen."De Kär vum neie Konzept wier déi intern Kommunikatioun. Nei Plattforme wéi den Intranet fir d'Gemengenaarbechter sollen den Dialog an d'Wëssensvermëttlung méi iwwersichtlech, koherent a funktionell gestalten. De gréissten Deel vum neie Konzept wier awer déi extern Kommunikatioun.

"Zu Conter hunn mir 75 Nationalitéiten. Och där Realitéit wëlle mer Rechnung droen. Mir probéieren zilgerecht, jee no Contenu, a verschiddene Sproochen ze kommunizéieren. Déi wichteg Saachen, ech soen elo Covid oder eng Urgence ,dat gëtt an alle Sprooche kommunizéiert."

© Nadine Kremer

Dat neit Konzept wier eng Kombinatioun tëscht neien a moderniséierten alen Elementer. De Gemengebuet géif zum Beispill weider 4 Mol d'Joer ausgedeelt ginn, mä mat engem neie Format. Ganz nei ass zum Beispill de Concret, ee Flyer, dee punktuell Informatiounen, wéi zum Beispill iwwer Evenementer oder Chantiere liwwert. Am Juni kënnt zousätzlech nach eng App fir den Handy.

Dat neit Image sëtzt virun allem op den Ufanksbuschtaf C an d'Zuel véier, esou de Silvano Vidale, den zoustännege Graphikdesigner.

"Conter ass eng vun deene véier Uertschaften, déi den Numm dréit vun der Gemeng. Well mer de Quantum vu véier haten, war et eis iergendwéi wichteg, dass mer gesot hunn, komm mer probéiere mam Numm Conter awer och déi aner mat anzebannen."

D'Faarwe wieren um Wopen, dee bäibehale gouf, inspiréiert. D'Zuel véier, de Buschtaf C an d'Faarfpalette goufen iwwerall iwwerholl: Am Logo an op allen Online-Plattformen, mä och op Enveloppen, Visittekaarten, Produiten, Gadgeten oder den Autoe vun der Gemeng.

Esou wier een dynamescht, modernt an harmonescht Konzept am Déngscht vum Bierger entstanen, sou déi Gemengeresponsabel.

Back to Top
CIM LOGO