Epizentrum bei Hesper/AlzengEn Äerdbiewen zu Lëtzebuerg, wat quasi kee matkritt huet

RTL Lëtzebuerg
Kuerz viru 16 Auer en Dënschdeg de Mëtteg huet de Buedem zu Lëtzebuerg mat enger Stäerkt vun 1,9 Punkten op der Richterskala geziddert.

Dat huet de franséischen Center fir Äerdbiewen zu Stroossbuerg confirméiert. Vun engem Mikro-Biewen ass rieds, dat een kaum registréiere konnt. Den Epizentrum loung an der Géigend vun Hesper.

Wéi een um Internetsite sismologue.com noliese kann, gouf et am Juli e Biewe vun 2,1 an der Regioun Rëmerschen.

© sismologue.com

Back to Top
CIM LOGO