Bauen direkt nieft enger Deponie a polluéiert Waasser un der Uewerfläch, dat riskéiert bis an d'Grondwaasser ze sickeren. Déi Stater Lénk loossen net labber wéinst hire Bedenke bei engem Chantier zu Beggen vis-à-vis vun der fréier Dummeldenger Schmelz, gutt bekannt als Casa.
Si fuerderen elo dass déi responsabel Politiker an d'Ëmweltverwaltung konkret Mesuren ergräifen. Am Kloertext: d'Deponie misst sanéiert ginn.
Virun der Deponie vun der Schmelz stoungen an der Zäit zwou Villaen. Déi maachen elo enger Residence Plaz. Se goufen ofgerappt, et gouf e Lach gegruewen. An an deem Lach um Chantier huet sech Waasser gesammelt. Kee bronge Schmorri, neen hellblot Waasser, erkläert de Guy Foetz, Stater Gemengerot fir déi Lénk:''Mir hunn (d'Schwéiermetaller) Vanadium a Molybdän fonnt. De Vanadium huet ee schonn un der Faarf gesinn. Dat war esou wéi e Gletscherséi. De Molybdän ass 160 mol méi héich ewéi dat wat zoulässeg ass, fir a Waasser un der Uewerfläch ze goen.''
Froen déi déi Lénk un d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an den Ëmweltministère geschriwwen hunn, bloufen och net onbeäntwert. Am Géigendeel: Gemeng a Staat ass dëse Problem bekannt: ''Mir gi confirméiert och duerch dat wat de Promoteur seet. Den Ëmweltministère seet och, d'Réckstänn wären iwwer der Norm. Den Ëmweltministère gëtt awer keng Resultater. Mir froen eis, firwat en déi net publizéiert.''
Kloer ass: d'Residence gëtt gebaut, déi Entwécklung ass net méi opzehalen. Dofir ass de Guy Foetz frou, dass de Bauterrain isoléiert an doduerch protegéiert gëtt. Déi zukünfteg Residente brauchen sech deemno net direkt Suergen ze maachen: "Dat Waasser leeft nach ëmmer weider. Den Ëmweltministère an d'Stad Lëtzebuerg soe jo, dat géing opgefaange ginn a groussen Zetären an dann op de Site vun Arcelor Mittal gefouert ginn, wou soss d'Casa war an do géing et da propper gemaach ginn. Da geet et da warscheinlech an d'Uelzecht. Mä: dat wat mir awer ganz kloer hei gesinn hunn an der Baugrouf vun deem Chantier, dat war, dass dat polluéiert Waasser och dohi gelaf war."
Déi Lénk komme just zu enger Konklusioun: deen Tipp zu Beggen muss sanéiert ginn. An zwar nom Prinzip vum Pollueur-Payeur. An dësem Fall de Proprietär vun der Dummeldenger Schmelz. An dat ass d'Schwéiergewiicht Arcelor Mittal. D'Politiker wëllen sech awer d'Fangeren net verbrennen, esou soen op alle Fall déi Lénk an der Stad.