
RTL-Informatiounen no, sinn d'Ëmwelt-Impakt-Etüden nämlech elo ofgeschloss, sou dass d'Firma de Kommodo-Inkommodo-Dossier fir de ronn 15 Hektar groussen Terrain kann erareechen. Domat ass, eise Sourcen no, eng ganz wichteg Etapp gepackt, fir datt de Bau vun der Molkerei ka Realitéit ginn.
Eng Investitioun vu bis zu 240 Milliounen Dollar an zwou Phasen, eng ronn 100 Aarbechtsplazen an eng Jores-Produktioun vu ronn 40.000 Tonnen griicheschem Jughurt: dëst sinn déi revidéiert, aktualiséiert Chifferen, déi de Wirtschaftsminister an d'Ëmweltministesch zu der geplangter Implantatioun vun der Firma "FAGE" dës Woch matgedeelt hat.
Wann d'Produktioun géif gutt lafen, kéint et zu enger zweeter Phase kommen, wou d'Produktioun bei FAGE souguer kéint op 80.000 Tonnen gehéicht ginn.
Wat déi néideg Waasserquantitéiten fir déi geplangte Jughurtsfabréck ugeet, sou wieren dës Capacitéiten vun 2021 duerch d'SES (Syndicat des Eaux du Sud) geséchert, sou d' Ministeren.
Geplangt ass, dass d'Fabrick den Dag eng ronn 2.000 Meterkibb Waasser fir d'Produktioun vum Jughurt brauch. Dat entsprécht an der Moyenne dem deeglechen Waasserverbrauch vu ronn 12.500 Awunner.
Wéi et weider heescht, dierften och Lëtzebuerger Mëllechbaueren duerch de Bau vun der neier Molkerei profitéieren, well FAGE lokal an regional wäert akafen. Et ass awer ewell esou, datt déi ronn 550 Mëllechbaueren schonn hir komplett Produktioun un d'Molkereien Luxlait, Lactalis an Arla verkafen.