Home Office geet lues op en EnnËmmer méi Frontaliere kommen zeréck op Lëtzebuerg schaffen

Christophe Hochard
E Méindeg huet déi zweet Phas vum Deconfinement wéinst der Corona-Kris hei zu Lëtzebuerg ugefaangen.
Ëmmer méi Frontaliere kommen op Lëtzebuerg schaffen
E Méindeg huet déi zweet Phas vum Deconfinement wéinst der Corona-Kris hei zu Lëtzebuerg ugefaangen.

Och wann eng Partie Employéen nach am Teletravail sinn, kommen trotzdeem nees méi Frontalieren an d'Land eriwwer schaffen. Virun allem aus Frankräich.

De Benoît Martin schafft als Frontalier zu Lëtzebuerg. Zenter 11 Joer fiert de jonke Mann iwwer d'Grenz, fir säi Brout am Grand-Duché ze verdéngen.

E Méindeg war d'Reprise am Commerce an domadder hu sech och d'Gewunnechte fir de franséische Staatsbierger geännert. Et ass elo net méi de Stau, deen dem Benoît Suerge mécht. Et si vill méi all déi Produiten, un déi hien denke muss, fir mat op d'Schaff ze huelen. Vun Desinfektiounsmëttel iwwer d'Händsche bis hin zur Mask.

Anescht wéi gefaart, war d'A31, also d'Autobunn a Richtung Lëtzebuerg moies net iwwerlaascht. De Benoît war der Meenung, d'Grenzgänger géifen éischter op hire Privatauto zeréckgräifen, fir op dës Manéier den ëffentlechen Transport z'evitéieren an domadder d'Gefor, sech mam Covid-19 unzestiechen. Deem war awer net esou. An et gouf och eng zweet gutt Nouvelle: d'Grenzkontrollen tëscht Frankräich an dem Grand-Duché goufen et moies keng. Déi wären och éischter seelen.

Par conter ginn et awer Changementer, fir an de Betrib eranzekommen: de Féiwer-Thermometer waart op d'Personal. Zënter 2 Méint kennt den Teletravail eng nei Dynamik. Sou kéint d'Unzuel u Personal um Site ëm 50 Prozent reduzéiert ginn. Et gëllt sech just un déi nei Hygiènesmesuren ze gewinnen.

Back to Top
CIM LOGO