
D'Direction Médicale et de la Santé huet mat der Ënnerstëtzung vum INFS no de Recommandatioune vun der (WHO) an ënner kontrolléierte Bedéngungen d’Opbereedung vun hydroalcoholescher Léisung fir d’Handdesinfektioun scho virun ee puer Deeg mat Succès lancéiert.
Et geet hei drëms, esou wäit wéi méiglech eisen eegene Bedarf un Desinfektiounsmëttel ze garantéieren.
Dofir ass een Opruff CGDIS intern lancéiert ginn, gebrauchte Fläschen ze recycléiere fir dës opbereeden a frësch fëllen ze kënnen.
Dofir ginn déi al Etiketten erofgeholl, d’Fläsche mat Seef a Waasser gewäsch a nogespullt, 10 Minutten ofgekacht an uschléissend dréchne gelooss.
Uschléissend gi se mat der Solution hydro-alcoolique gefëllt a frësch etikettéiert. No 72 Stonne Quarantän kënne se dann an den normale Circuit vun der Distributioun goen.
