Eng Persoun blesséiertZeie gesicht no Accident mat Farerflucht tëscht dem Wandhaff a Stengefort

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend koum et tëscht dem Wandhaff a Stengefort zu engem Accident, bei deem sech ee vun de Chaufferen duerch d'Bascht gemaach huet.
© RTL Grafik

Nodeems schonn de CGDIS en Accident vun e Sonndeg den Owend tëscht dem Wandhaff a Stengefort gemellt hat, huet d'Police elo en Zeienopruff dofir lancéiert. Wéi d'Police preziséiert, koum et géint 23:10 Auer op der N6 tëscht dem Wandhaff a Stengefort op der Héicht vun der Kräizung mat Hoen zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen.

Deemno ass ee vun deenen zwee Autoen deem aneren op der Héicht vun der hënneschter Fuerersäit dra gerannt, wouduerch den Automobilist, dee getraff gi war, d'Kontroll iwwer d'Gefier verluer huet an am Gruef gelant ass. De Chauffer, deen dra gerannt ass, ass allerdéngs net stoe bliwwen an ass geflücht, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren. Deen aneren Automobilist gouf bei der Kollisioun blesséiert a koum an d'Spidol.

D'Police sicht an deem Kontext Zeien, déi eppes zum Accident soe kënnen. Dës si gebieden, sech bei der Police vu Capellen ënnert der Nummer 244 30 1000 oder per Mail u police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu.

Am Asaz waren d'Ambulanciere vu Mamer an d'Pompjeeë vum Zenter Stengefort-Käerch.

Back to Top
CIM LOGO