CGDISEe Blesséierte bei Accident, dräi bei Brand

RTL Lëtzebuerg
Zu Esch gouf et um Sonndeg eng Dampentwécklung a bei Beidler sinn en Auto an e Moto net laanschtenee komm.

Zu Esch goufen e Sonndeg den Owend 3 Leit no enger Damp-Entwécklung an engem Haus blesséiert, dat mellt den 112. Tëscht Eescheler a Beidler krute sech géint 21.15 Auer e Moto an en Auto ze paken. De Motocyclist gouf blesséiert an nieft de Secouriste vun Jonglënster a Biwer war op de Samus-Noutdokter op der Plaz.

Géint 7 Auer e Méindeg de Moien huet et op der Streck Jonglënster-Grolënster gerabbelt. Zwee Autoe sinn do kollidéiert, eng Persoun gouf verwonnt. Um 10.15 Auer ass an der Fiels fir raus op Hiefenech e Motocyclist gefall a gouf dobäi blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO