Educatiounsministère preziséiertNeit Konzept fir Lycées-Toilettë soll fir méi Sécherheet a manner Vandalismus suergen

RTL Lëtzebuerg
Déi geplangt Unisex-Toilettë wiere wärend der Sich no engem neie Konzept, fir d'Toiletten an de Lycéeë méi sécher ze maachen, entstanen.

Beim neie Konzept geet et virop ëm méi Sécherheet a méi Privatsphär, präziséiert den Educatiounsministère e Méindeg an hirem Communiqué. Et geet drëms, fir de Beräich ronderëm d’Lavaboe méi oppen ze gestallten, esou datt een och vu baussen zum Deel kann eragesinn. D’Toilettëkabinnen dogéint sollen a Zukunft komplett zou sinn a méi Intimitéit garantéieren.

Matt dësem Konzept wëll ee Mobbing a Vandalismus entgéintsteieren, seet de Marcel Kramer, President vum Collège vun de Lycéesdirekteren: “Esou Toilettë ginn et jo och schonn am Ausland an déi Erfarungen, déi do gemaach goufen, weisen, datt effektiv Vandalismus erofgeet, datt och Graffiti op den Toiletten erofgeet an datt d’Sécherheetsgefill, d’Gefill vun de Kanner wierklech weesentlech gesteigert ass, well eeben an engem Raum, deen oppen ass, do kann een net esou einfach do méi maachen. Wéi wann alles zou ass.”

Educatiounsministère presentéiert neit Konzept fir d'Lycée-Toiletten
Zil wier et, fir d’Toiletten an de Lycéeë méi agreabel fir jiddereen ze maachen, och fir transgender an non-binär Schüler.

Zil wär et, fir d’Toiletten an de Lycéeë méi agreabel fir jiddwereen ze maachen, och fir transgender an non-binär Schüler. Dowéinst goufen och Unisex-Toiletten an dem neie Konzept zréckbehalen. Déi traditionell Jongen a Meederchers-Toilettë bleiwe parallel dozou bestoen.

Enn Januar war jo eng gréisser Polemik entstanen, wéi den Educatiounsministère de Pilotprojet an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert huet. Aus der Presentatioun war nämlech net kloer ervirgaangen, ob et an Zukunft just nach Unisex-Toiletten an neie Lycéesgebaier sollt ginn, oder ob et sech heibäi ëm eng zousätzlech Offer zu den Toilette fir Meedercher a Jonge géing handelen. Och de Koalitiounspartner hat sech iwwerrascht gewisen iwwer d’Annonce a sech oppe géint reng Unisex-Toiletten ausgeschwat.

Liest hei de Communiqué vum Educatiounsministère

D’Unisex-Toiletten an de Lycéeë sinn dann och e Mëttwoch de Moien um 8 Sujet an eiser Emissoun “Dir hutt d’Wuert”. Den Educatiounsminister Claude Meisch wäert hei eisen Invité sinn.

Back to Top
CIM LOGO