Site, Facebook an Instagram-OptrëttEditus a Kaaftlokal.lu lancéieren nei Initiativ "ilovemyshops.lu"

RTL Lëtzebuerg
ilovemyshops.lu ass eng eegen Internetsäit op Däitsch, Franséisch an Englesch, op där aktuell 600 Butteker a Restaurante vertruede sinn.

Vill vun deene Betriber hunn hir Aktivitéiten un déi schwéier Zäiten ugepasst mat Online-Bestellung, Liwwerung oder Take-Away. Och hunn hir Ouvertureszäite sech verännert.

All dës wichteg Informatioune kann ee vun elo un op enger Säit fannen, ilovemyshops.lu.

Editus.lu a Geoportail.lu hunn iwwerdeems eng interaktiv Kaart entwéckelt, op där een all déi Geschäfter ka fannen.

Et ass och méiglech, fir online Couponen fir ee Buttek ze kafen an déi no der Kris kënne sur place anzeléisen.

All Donneschdeg gëtt och eng Newsletter erausgeschéckt an ilovemyshops.lu ass och op Facebook an op Instagram ze fannen.

PDF Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO