EurofoilE Streik steet virun der Dier, sou den OGBL

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie gouf bei engem Protestpiquet vum OGBL bei Eurofoil zu Diddeleng betount, datt et geschwënn zu engem Streik kéint kommen.
Protestpiquet bei Eurofoil zu Diddeleng
E Samschdeg de Moie gouf bei engem Protestpiquet vum OGBL bei Eurofoil zu Diddeleng betount, datt et geschwënn zu engem Streik kéint kommen.

Wa sech näischt an der Conciliatioun deet, da féiert kee Wee laanscht de Streik. Dat ass eng vun de Conclusiounen, déi e Samschdeg de Moien am Kader vum Protestpiquet virun Eurofoil zu Diddeleng gezu gouf.

Den OGBL hat wéinst dem Sozialkonflikt mat der Direktioun vun der Entreprise zu dësem Protest opgeruff. Konkret geet et ëm d’Erneierung vum Kollektivvertrag fir d’Salariéeë vum Aluminium-Produzent. D’Conciliatioun leeft, ma d’Salariéeë bekloen, datt d’Aarbechtskonditioune sech rezent verschlechtert hunn an zu 4 Aarbechtsaccidenter gefouert hunn. Haaptgrond dofir ass eng Ënnerbesetzung.

Wéi scho fir Ouschterméindeg huet d’Direktioun vun der Entreprise och e Samschdeg fir den 1. Mee annoncéiert gehat, den Accès an d’Fabrick komplett fir d’Salariéeën ze spären, déi allerdéngs e Samschdeg sollte schaffen.

Extrait Patrick Freichel, zoustännege Gewerkschaftssekretär

Ronn 93% vun de Salariéeë vum Aluminium-Produzent hätte sech fir e Streik ausgeschwat, sou den OGBL.

Back to Top
CIM LOGO