Escher JugendherbergE modernen Hostel mat engem spezielle Konzept

RTL Lëtzebuerg
Virun allem an der Vakanzenzäit sinn d’Jugendherbergen immens beléift. Zënter 2 Joer gëtt et déi modern Jugendherberg zu Esch.
Abléck an d'Escher Jugendherberg
Virun allem an der Vakanzenzäit sinn d’Jugendherbergen immens beléift. Zënter 2 Joer gëtt et déi modern Jugendherberg zu Esch.

D’Gebai mat senge markante roude Faarwe steet direkt nieft der Gare an ass perfekt mam ëffentlechen Transport erreechbar. D’Gäscht kréien net nëmmen d’Méiglechkeet, do ze schlofen, ma kënnen och Konferenzen a Seminären do organiséieren, grad ewéi vun enger Hellewull Fräizäitaktivitéite profitéieren. Déi Responsabel hunn een innovatiivt Konzept geschaaft.

D’Jugendherberg vun Esch ass just e puer Schrëtt vum Zentrum ewech. D’Gebailechkeete stinn direkt nieft der Gare a fale wéinst der rouder Faarf op. E grousse Virdeel ass, datt d’Jugendherberg ideal mam ëffentlechen Transport erreechbar ass. De Gros vun de Gäscht géife mam Zuch oder mam Bus kommen, dat well et zu Esch dacks schwéier wier, eng Parkplaz ze fannen, esou déi Responsabel.

Mat deem modernen Hostel wollt een e speziellt Konzept schafen. Dowéinst gouf besonnesch an d’Ekippement investéiert. Deene Responsabelen no géif ee vill Wäert op d’Propretéit an de Komfort leeën. D’Gäscht, grad ewéi d’Leit vu baussen, kënne vun der Bar a vum Restaurant profitéieren. Nieft de 36 Zëmmere ginn um éischte Stack och Konferenzraim ugebueden. D’Leit ginn dann och iwwer d’Aktivitéiten an der Regioun informéiert, well d’Jugendherberg mat Partner zesummeschafft.

Eng Iwwernuechtung mat Kaffi kascht 26 Euro. Dëst Joer goufe bis ewell 16.000 Iwwernuechtunge gezielt. Zejoert waren et der 24.000. Virun allem Schoulklassen, Sportsclibb, Touristen a Leit, déi wéinst der Aarbecht e puer Deeg hei am Land sinn, profitéiere vun der Escher Jugendherberg. D’Leit sinn vum innovative Konzept begeeschtert.

9 Jugendherberge ginn et aktuell hei am Land.

Back to Top
CIM LOGO