
Den 30. August 1942 hat de Gauleiter Simon d'Aféierung vun der obligatorescher Wehrmacht-Déngschtflicht fir d'Lëtzebuerger Joergäng 1920 bis 1924 bekannt ginn. Als Protest géint déi forcéiert Rekrutéierung vu ronn 15.000 Lëtzebuerger koum et zu engem Streik, deen zu Wolz ugefaangen hat a sech duerno op d'Haaptstad an de Süde vum Land ausgebreet huet.
An der Stad goufen d'Postiere Nicky Konz a Jean Schroeder, allebéid 28 Joer al, als éischt verhaft. Béid goufen den 3. respektiv 4. September 1942 am Konzentratiounslager Hinzert higeriicht.
Insgesamt goufen 22 Postbeamten a Konzentratiounslager deportéiert, vun deenen der 6 ëm d'Liewe koumen. Weider 10 Postiere goufen agespaart, 2 dovunner hunn d'Gefaangenschaft net iwwerlieft.