
E Mëttwoch am Nomëtteg gouf der Police eng Ausernanersetzung an der Rue de Thonville zu Bouneweg gemellt. Éischten Informatiounen no goufen zwee Männer am Verlaf vun engem Sträit vun engem weidere Mann mat engem Messer menacéiert. De presuméierten Täter konnt e wéineg méi spéit gestoppt ginn an déi presuméiert Waff vun der Dot gouf saiséiert. D'Ermëttlungen iwwert den Oflaf vum Virfall lafen den Ament.
Am spéiden Owend, de selwechten Dag, gouf der Police e Sträit an der Bouneweger Strooss gemellt. Éischten Informatiounen no krut e Mann an d'Gesiicht geschloen. D'Affer gouf dobäi blesséiert a koum fir eng Behandlung an d'Spidol. D'Ermëttlungen an dësem Fall lafen.