
Et ass déi kruzial Fuerderung vu ville Secteuren a Beruffsverbänn: de Chômage partiel muss onbedéngt weider lafen, fir et net zu enger Well vu Faillitte kommen ze loossen.
Bis ewell steet nach net fest, a wéi eng Richtung d’Strategie vun der Regierung an deem Sënn geet.
D’Zuelen iwwert déi rezent massiv Kuerzaarbecht sinn op alle Fall schonns impressionant.
Den Ament gëtt nach ëmmer an Aarbechtsgruppe geschafft, fir ze kucken, ënnert wéi enger Form de Chômage partiel ka weider spillen.
Fir dëse Mount leeft de Krise-Modus nach normal weider, wou also zwou Kategorië vu Betriber drënner falen, déi déi obligéiert goufen, fir zou ze maachen an déi, déi hir Aktivitéiten hu mussen drastesch reduzéieren.
Den Aarbechtsminister Dan Kersch en Dënschdeg an der Chamber: "Den 31. Mee ass de leschten Datum, wou een eng Demande ka maachen. Fir de Mount Mee a vu Juni un’s géife mer et esou maachen, dass alleguerten déi Betriber, déi nach net däerfen opmaachen, vum 11.05 un’s, dass déi weider iwwert de System vun den Avancë wäerte fueren, an alleguerten déi aner Betriber iwwert de klassesche System vun den Decompte wäerte fueren."
Wéi et dann am Detail weidergeet, dat gëtt wéi gesot nach an den Aarbechtsgruppen tëscht Finanz- a Wirtschaftsministère beroden. Wéi een héiert, wiere sech déi eenzel Säiten do net ëmmer ganz gréng. Kuerzaarbecht kascht nämlech Geld, vill Geld: "Wann ee kuckt wou mer haut ugelaangt sinn: Bal 14.000 Betriber, déi dervu profitéiert hunn. Iwwer 290.000 Paien, déi esou ofgedeckt ginn an e Chiffer dee sech an Tëschenzäit op 637 Milliounen € beleeft. Dat hei ass e ganz kloert Instrument fir de Betriber ze hëllefen, ze iwwerliewen. T‘ass awer och eng kloer Mesure déi verhënnert, dass dausenden an dausende vu Leit an de Chômage gefall wieren."
Well dat géif nach méi Geld kaschten... E Gesamtkonzept muss also hier, un deem wéi gesot nach gedoktert gëtt: "T‘ass den erkläerten Interêt vun der Regierung fir sou vill wéi méiglech Betriber ze retten. All Betrib dee gerett ka ginn, mécht och déi sozial Fro méi kleng. Dofir wäerte mer alles maachen, fir de Betriber ze hëllefen, iwwert dës Kris eraus ze bestoen."
Well kloer ass, dass wann de Chômage partiel net bäibehale gëtt, eng Jett Betriber d’Baach a ginn. Deemno kann ee gespaant sinn, wéi d’Strategie vun der Regierung, wou et, sou gëtt gemunkelt, 3 verschidden Usiichte gëtt, am Endeffekt ausgesäit.
E Gesamtkonzept soll ganz geschwënn dann och virgestallt ginn.