MuselD'Wieder wär ideal fir d'Drauwelies

Christophe Hochard
Déi éischt Riefzorte wäerte bis Enn dës Mounts kënne gelies ginn.
D'Wéngerte sinn zeideg
Auxerrois, Pinot Blanc, Pinot Gris, Pinot Noir a Rivaner sinn d'Riefzorten, déi als éischt wäerte gelies ginn.

Bloen Himmel, e bësse Wand a summerlech Temperaturen ugangs September. Déi lescht Deeg war d'Wieder ideal fir d'Wéngerten. D'Drauwe wieren um gudde Wee, bis Enn des Mounts kënne gelies ze ginn.

Wéi ass et mat den Drauwen? - Reportage Dany Rasqué

1984 an 1987 waren déi lescht schlecht Joergäng fir déi eenzel Riefzorten an de Lëtzebuerger Wéngerten. Dës Situatioun géif der Vergaangenheet ugehéieren. An de 70er Joren huet den elsässesche Fuerscher Pierre Huglin en Index entwéckelt. Mat dësem kann ee feststellen, ob eng gewësse Riefzort an engem Wäibaugebitt zeideg gëtt oder net.

Trotz schlechtem Wieder am Fréijoer a villem Reen an de Summerméint wär d'Entwécklung vun den Drauwen als normal ze bezeechnen.

Wéi all Joer wäerten déi eenzel Wënzerbetriber och op d'Hëllef vun auslännesche Leit fir d'Lies zeréckgräifen. Hei komme Schnelltester an d'Spill.

Vun en Donneschdeg u steet e Wiederchangement an d'Haus. D'Wënzer hoffen, dass et net ze vill reene wäert. Dee géif hinne soss e Stréch duerch d'Rechnung maachen.

Back to Top
CIM LOGO