Opgepasst op de StroossenDuerch de Schnéi, Schnéireen a Reen kann et plazeweis glat sinn

RTL Lëtzebuerg
Bei Temperature vun tëscht -1 an 3 Grad um Mëttwoch de Moie kéint et duerch d'Nidderschléi plazeweis glat ginn.
© Bruno Carvalho / RTL Mobile Reporter

E Mëttwoch Moie war haaptsächlech mat Schnéi a Schnéireen ze rechnen. Ënner 300 Meter kann et awer och reenen. Am Laf vum fréie Mëtteg soll et da méi dréche ginn an et kënnt just nach vereenzelt zu Schnéi oder Reen. D'Temperature wäerten dann awer och seelen iwwer 3 Grad klammen, haaptsächlech un der Musel soll et méi waarm bleiwen.

An der Nuecht op en Donneschdeg bleift et gréisstendeels dréchen, d'Temperature kënne grad am Éislek op bis zu -7 Grad erofgoen. Plazeweis kann et zu Schnéi kommen.

PDF: De Rapport vu Meteolux

Back to Top
CIM LOGO