
E Mëttwoch de Moie goufen op enger Pressekonferenz vun der Union Commerciale zesumme mat der Stad Lëtzebuerg eng Rei Detailer zu der Braderie d'nächst Woch genannt. Et wier net just Méindes d’Geleeënheet fir d’Leit, gutt Affären ze maachen - scho vu Samschdes u kann een an der Stad bradéieren. Sonndes ass iwwerdeems och e grousse Vide-Grenier an der Avenue de la Gare.
Et ass awer just Méindes, um Haaptdag, wou och de ganze Perimeter ofgespaart gëtt. Et rechent ee mat ronn 150.000 Leit fir déi 97. Editioun vun der Braderie. Nei ass dëst Joer, datt d’Braderie net op Fouerméindeg fält. Dee war jo dëse Méindeg, 31. August. Eng Braderie am August wier den Organisateuren no awer net glécklech gewiescht well nach vill Leit an der Vakanz sinn.
Nei dëst Joer ass also, datt d'Stater Braderie net wéi gewinnt op Kiermesméindeg fält. D'Presidentin vum Stater Geschäftsverband, Mireille Rahmé: "De Kiermesméindeg, dee war den 31. August. Mee mir fannen eng Braderie am August,... et ass net esou gutt. Ech menge mir kréie méi Leit am September, well am August sinn der trotzdeem nach vill an der Vakanz."

"Déi verdeelt sinn an der Uewerstad an op der Gare. Dat mécht ongeféier 4.500 Meter aus. D'Braderie fänkt scho samschdes un. Mir schwätzt vun engem Braderiesweekend. Samschdes kënnen déi Geschäfter, déi wëllen, schonn e Stänner erausstellen, awer nëmmen do, wou et net hënnert. Well de Perimeter ass samschdes net ofgespaart."
D'Braderie wier nach ëmmer e ganz wichtegen Datum, betount d' Direktesch vun der Union commerciale Anne Darin: "Notamment vum Secteur 'Mods et Accessoires', déi representéiere méi wéi 50 % vun de Participantë vun der Braderie a virun allem indépendant Commercen. Fir déi ass d'Braderie wichteg fir hire Stock lass ze ginn."
Sonndes ass och e grousse Floumaart an der Avenue de la Gare. Sonndes a Méindes fueren dann do och keng Busser duerch. Den ënneschten Deel vun der Avenue de la Liberté wäert och fir de motoriséierte Verkéier zou sinn, erkläert de Staat der Mobilitéitscheffe Patrick Goldschmidt: "Mee den Tram, dee fiert duerch. Et ass net, dass den Tram op der Paräisser Plaz stoe bleift an zréck fiert an erëm vun der Gare weider. Nee, d' Tramslinn, déi bleift op!"
De Parking "Fort Wedell" a "Place de l 'Europe" si méindes iwwerdeems de ganzen Dag gratis, am "Fort Neipperg" kann ee méindes zwou Stonne fir näischt parken.