
De Statistiken no maachen zu Lëtzebuerg all Dag 4 Leit een Hiereschlag. Vun de Spideeler krut een elo awer d'Informatioun, datt d'Leit net fréi genuch an d'Spideeler ginn, wa si éischt Unzeeche vun engem Hiereschlag hunn.
An dat wier ee riskant Verhalen, seet den Dr P Wilmes. Där Meenung ass och d’Chantal Keller, d’Presidentin vun der asbl Blëtz, der Lëtzebuerger Associatioun fir Betraffener vun engem Hiereschlag, a warnt virdrun, d’Unzeeche vun engem Schlag aus Angscht viru Corona ze ignoréieren. Et misst een och an dësen Zäiten direkt medezinesch Hëllef froen.
