Covid-19Dréchen Hänn – Wat maache géint strapazéiert Haut?

RTL Lëtzebuerg
Hygiène ass den Ament alles. Hält ee sech un déi puer kleng Reegelen, kann een nämlech d’Gefor, sech mam Covid-19 unzestiechen, reduzéieren.
Dréchen Hänn – Wat maache géint strapazéiert Haut?
Hygiène ass den Ament alles. Hält ee sech un déi puer kleng Reegelen, kann een nämlech d’Gefor, sech mam Covid-19 unzestiechen, reduzéieren.

Ma mat deem ganzen Hännwäschen an Desinfizéiere gëtt eis Haut ganz schéi strapazéiert. Dréchen, rësseg a rau Haut ass d’Konsequenz. Wéi mer eist gréissten Organ an dësen Zäiten am beschte fleegen a firwat d’Haut iwwerhaapt esou reagéiert, hu mir bei engem Dermatolog nogefrot.

An Zäite vu Covid-19 ass Hännwäschen den A an O. Am beschte mat Seef an ongeféier 30 Sekonne laang. Gutt géint Viren a Bakterien, manner gutt fir den Zoustand vun eiser Haut. Ze vill Hännwäsche reduzéiert nämlech déi natierlech Fetter, erkläert den Dr. Miller.

"Déi iewescht Schichte vun der Haut ginn ëmmer mat Seefen oder mat Desinfectanten ofgenotzt, dat ass ganz kloer. Dat ass de Säureschutzmantel, deen doduerch ofgenotzt gëtt. Dee gëtt awer rëm relativ séier vum Kierper opgebaut. Do kann een nohëllefen, andeems een [d’Haut] acrèmt, fir dee Schutzmantel rëm ze verbesseren. Dee Schutzmantel hëlleft och – an ass ganz wichteg – géint Infektiounen vun der Haut, vu Bakterien, vu Pilzer oder Waarzelen.", esou den Dr. Xavier Miller.

Ma net nëmmen duerch ze vill Hännwäschen dréchent d’Haut aus. Am Wanter zum Beispill ass duerch d’Keelt eis Duerchbluddung an der Haut manner gutt an d’Talgdrüsen funktionéieren net méi richteg. An der Summerhëtzt kënnen d’Hänn awer och duerch de Schweess rau ginn. Ass de Säureschutzmantel also net méi ganz intakt, hëlleft d’Acrèmen. Do wier et wichteg, haaptsächlech déi iewescht Partien anzecrèmen, well déi bannescht Säite manner strapazéiert sinn, esou den Dr. Miller. Nom Desinfizéiere sollt een iwwerdeems 15-30 Minutte waarden, éiert een d’Hänn acrèmt. Et hätt zwar kee groussen Afloss op den Desinfectant, mä den Effekt wier op dréchener Haut besser.

Een aneren Tipp ass et, owes virum Schlofegoen eng fetteg Crème opzedroen, déi dann nuets anzéie kann. Nach ee besseren Effekt kritt een, wann een zousätzlech Kottengshändschen driwwer undeet. Daagsiwwer géing awer eng normal Crème duergoen, vue dass een duerch dat heefegt Desinfizéieren d’Hänn méi dacks acrème misst. Wat d’Hännwäschen ugeet, sollt een op verschidde Saachen oppassen.

"Richteg Wäschen heescht extra Seefe gebrauchen, net déi normal Seefen, mä zum Beispill Savons Doux, déi eng réckfettend Wierkung hunn. Et soll een d’Hänn net ze vill waarm wäschen, a kuerz wäschen. Et soll ee se gutt mat Waasser ofwäschen, fir dass d’ganz Seef fort ass. A wat ganz wichteg ass: et soll een d’Hänn net ofreiwen, mä oftuppen."

Doriwwer eraus sollt een doheem beim Spullen oder Botzen ëmmer Gummishändschen undoen, fir d’Haut virun de Produiten ze schützen. Ma ze laang sollt een Händschen awer net un hunn, esou den Dr. Miller.

"Wann een doheem eppes schafft, soll een net méi laang wéi 30 Minutte mat enger Händsch schaffen. Da soll ee se vläicht ausdinn an eppes aneres maachen, well soss dréchent dat d’Haut rëm aus. Wann ee méi wéi 2 Stonnen muss schaffen ënnert deene Vinyl- oder Latex-Händschen, da kann een eng kleng Kottengshändsch drënner maachen, fir d’Haut ze schützen."

Wann d’Corona-Kris bis eriwwer ass, kënne mer d’Hännwäschen an Desinfizéieren erëm op een normalen Niveau erofschrauwen. Eis Haut wäert eis Merci soen.

Back to Top
CIM LOGO