
Bei de Kreditter gëtt et eng Progressioun vu 5,7%. Dës ass virun allem op Immobiliëprête fir Particulieren zeréck ze féieren.
D'Exploitatiounskäschte sinn ëm bal 6% geklommen, ënner anerem gouf et Hausse bei de Personalfraisen an et hunn nei Reglementatioune missten ëmgesat ginn an et goufen Investissementer an d'Digitaliséierung.
Um Enn steet en Nettoresultat vu 17,4 Milliounen, dat si gutt 7% manner ewéi nach 2018. D'Chiffere mussen nach vum Verwaltungsrot gréng Luucht kréien.
Zejoert gouf et Ännerungen an der Struktur, ënner anerem goufen déi 13 regional Keese fusionéiert an et gouf en neie Conseil, e sougenannte Beirat geschafen.
Op den 31. Dezember hu 661 Leit bei der Banque Raiffeisen geschafft.