
Wéi de Parquet an engem Schreiwes matdeelt, wieren e Mëttwoch géint 21 Auer dräi Mineuren an der Géigend vum Staatsrot Affer vun engem Iwwerfall mat Gewalt ginn.
Wéi sech bis ewell am Laf vun der Enquête erausgestallt hätt, wier e Grupp vu véier Persounen, déi Kagullen unhaten, op déi dräi 16 Joer al Affer duergaangen. D’Täter hätten hir Affer mat engem Messer menacéiert a vun hinne verlaangt, dass si hinnen eng Jackett an en Handy ginn. Iwwerdeems hu si hinne mat uerge Konsequenze gedreet, wa si d’Police géinge kontaktéieren.
De Kommissariat C3R aus der Stad huet eng Enquête an d’Weeër geleet, an där hirem Verlaf e Mannerjärege vu bal 17 Joer als Verdächtege konnt identifizéiert ginn. Bei him doheem goufen och déi geklaute Jackett an den Handy fonnt.
Well an der Unisec zu Dräibuer keng Plaz fräi ass, koum de Mannerjäregen op Schraasseg.