
Zu Recken bei Miersch gouf bei engem Accident op der RN08 géint 19.15 Auer eng Persoun blesséiert. Zu Péiteng huet et géint 20.45 Auer geknuppt, dat op der Route de Longwy. Hei goufen zwee Leit blesséiert. Dernieft gouf et an der Nuecht op e Mëttwoch, ëm kuerz no Mëtternuecht, e Feier zu Schraasseg um Kuelebierg, wou jo och de Prisong ass. Eng Matrass huet gebrannt. Blesséierter gouf et allerdéngs net.
Bei engem Accident tëscht zwee Autoen géint 20 Auer am Rond-point Schaffner an der Stad gouf et keng Blesséierter.