
Wéi d'Police op der Plaz ukomm ass, konnt se dat gemellte Gefier, grad ewéi déi gemellte Persounen ermëttelen. Enger éischter Enquête no, handelt et sech bei den 8 Persounen ëm Flüchtlingen. Well de Verdacht besteet, dass de Chauffer als sougenannte "Schleiser" aktiv war, gouf hien op Uerder vum Parquet festgeholl an hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.