
Den DP-Direktiounscomités-Member Michael Agostini schreift an engem Lieserbréif: “Wa Parteitaktik méi wichteg gëtt ewéi Grondrechter.” De Siewent-Gewielten op der DP-Lëscht am Süden hëlt seng Ministere Meisch a Backes a Schutz. Hie betount, datt den nationalen Aktiounsplang LGBTIQ+ an d’Aféiere vun Unisex-Toiletten an neie Lycéeën am Summer vum ganze Regierungsrot ugeholl gouf, also och vun der CSV.
Dat duebelt Spill vun der CSV wier dem Michael Agostini no och riskant a géing der Regierungsaarbecht schueden.
De Michael Agostini huet den Androck, datt d’CSV wéinst schlechte Resultater an den Ëmfroen a wéinst permanenter Kritik sech op “calculéiert” Aart a Weis géing skandaliséieren, fir bei engem konservative Public ze punkten.
De fréiere President vun de jonken Demokrate verlaangt eng sachlech Diskussioun. Hien erënnert un d’Argumenter fir Unisex-Toiletten. Getrennten Toilettë géingen aus dem viktorianeschen Zäitalter stamen. Datt Frae bei Veranstaltungen dacks méi laang an der Schlaang stinn ewéi Männer wier den alldeeglechen Ausdrock vun enger Ongläichheet. Da kéim nach den inklusiven Aspekt fir Leit, déi sech net am binäre Geschlechtssystem erëmfannen.
“Ech hunn Gefill wéi wann d’CSV wéinst hire schlechten Resultater op Käschten vun Minoritéiten an Gläichberechtegungs-Themen versicht Stëmmung ze maachen, sou de Michael Agostini, dee betount, datt den nationalen Aktiounsplang LGBTIQ+ an d’Aféiere vun Unisex-Toiletten an nei Lycéen am Summer vum ganze Regierungsrot ugeholl gouf, also och vun der CSV: “Et huet keen CSV-Member do intervenéiert oder e Mucks vu sech ginn. Et schéngt symptomatesch bei der CSV ze sinn, datt et keng Kommunikatioun tëscht Partei, Regierungsekipp a Fraktioun ze ginn. Déi eng Hand mécht eppes ganz aneres wéi déi aner.”
De Michael Agostini stéiert virun allem datt extrem vill Fake News zirkuléieren: “Fake News ginn iwwerholl, déi den ADR propagéiert, och elo vun der CSV. Dat heescht, se weisen do eng grouss Affiche op de soziale Medien, wou se e Vestiär weisen a wou se ganz kloer kommunizéieren, datt et sollt weiderhi getrennte Vestiaire ginn. Dat ass Fake News, well et wäerte weiderhi getrennte Vestiaire ginn.”
Et wäerten nach ëmmer kollektiv Vestiaire fir Fraen a fir Männer ginn an dann eben nach eng Kabinn, an där een eleng ass, egal ob Mann oder Fra huet den Michael Agostini, fréiere President vun de jonken Demokrate nach am RTL-Interview betount an fir eng sachlech Diskussioun plädéiert.