Eng gréisser Polemik ass doriwwer entstanen, datt an engem Pilotprojet och sollen Unisex-Toiletten an de Schoulen amenagéiert ginn. D‘CSV-Fraktioun weist sech iwwerrascht iwwert dës Annonce a schwätzt sech oppen dogéint aus. No zwou Petitiounen zejoert wier den Optrag vun der Chamber un d’Regierung gewiescht, ze klären, wéi a wéini sexuell an affektiv Sujeten an der Schoul un d’Kanner erubruecht solle ginn, esou den CSV-Deputéierte Ricardo Marques. Dat wier déi zentral Suerg.
“An déi gouf och do presentéiert an dat begréisse mir och ausdrécklech als CSV-Fraktioun, well den IFEN, de CEPA an de SCRIPT sech effektiv ganz vill Méi ginn hunn, fir do e Programm auszeschaffen, wou dat zréckgespigelt gëtt. Awer déi Ëmgestaltung vun de Schoulen, fir dann Unisex-Toiletten a -Vestiairen ze maachen, war net eng Fuerderung vun de Petitionären a mir sinn och dogéint.”
Am Educatiounsministère argumentéiert een de Pilotprojet antëscht domat, datt ee wëll fir méi Sécherheet suergen, wéi den héije Beamte Christian Ginter erkläert.
“Duerch de Fait, datt zwee Accèse geschaaft ginn, fir an den Espace vun den Toiletten, wëlle mer virun allem och de Mobbing reduzéieren. Mir wëlle gär de Vandalismus op den Toilette reduzéieren a verhënneren, datt et och do zu Ugrëffer kënnt, oder, datt ee sech gestéiert fillt, well en op enger kollektiver Toilette, wéi zum Beispill, wou d’Pissoiren niewentenee sinn, sech eng Mobbing ausgesat, gesäit. Déi solle verschwannen, et ginn individuell Kabinnen, déi ënnen an uewen zou sinn, wou een näischt ka gesinn, net ka filmen, wou et keen esou e Mobbing-Risk méi gëtt.”
D’Elterevertriedung weist sech iwwerdeems oppen, fir dat neit Konzept, esou laang et parallel och nach weider Jongen- a Meedercherstoilette ginn.
Um Freideg huet och ADRenalin sech zu Wuert gemellt mat engem Communiqué, wou et an der Iwwerschrëft heescht “Getrennt amplaz Unisex: Fir de Schutz vun der Jugend”.
Si weisen drop hin, dass d’CSV de 27. Januar an der Commision jointe vun der Chamber näischt zum Thema Unisex-Toilette gesot huet, a sech eréischt dogéint ausgeschwat huet, nodeems de Fred Keup vun der ADR genee nogefrot huet, wat geplangt wier. Soss wier et wuel “wéi sou oft - einfach vun der Regierung duerchgewonk ginn”.
ADRenalin fuerdert dann an deem Zesummenhang ënnert anerem, dass Unisex-Toiletten, -Duschen an -Vestiairen net an ëffentlech zougängleche Gebaier sollen installéiert ginn.