Ech hoffen, datt d’Koalitioun “elo net an d’Toilette fält”, dat sot e Freideg de Moien d’LSAP-Südddeputéiert Liz Braz am Kontext vun der aktueller Diskussioun iwwert déi geplangten Aféierung vun Unisex-Toiletten an neie Lycéesgebaier. D’DP-Ministeren Yuriko Backes a Claude Meisch haten d’Konzept e Méindeg an der Suite vun de Petitiounen iwwert LGBTIQ+-Themen an der Schoul an der Chamber virgestallt. En Donneschdeg dunn huet d’CSV-Fraktioun sech ëffentlech vum liberale Koalitiounspartner distanzéiert a sech formell dogéint ausgeschwat. Géint Unisex-Toiletten an Unisex-Vestiairen. D’LSAP steet den Unisex-Toilettë positiv géintiwwer. Mä bei der Kommunikatioun virun allem wier an dësem Dossier vill schif gaangen. Et hätt keen dat do gefrot, sou d’Liz Braz e Freideg de Moien. An an der Koalitioun wier wuel och intern net geschwat ginn.
Liz Braz versteet Kritik vum demissionäre Parteimanager Ben Streff
Intern an extern vill geschwat gouf déi lescht Deeg bei der LSAP iwwert déi strategesch Ausriichtung vun der Partei. De Parteimanager Ben Streff hat jo seng Demissioun bei eis ëffentlech gemaach an an deem Interview och net mat Kritik virun allem un der Fraktioun an den Ex-Ministere gespuert, déi sech senger Meenung no net genuch abrénge géifen. Si kéint déi Kritik verstoen, sot eis Invitée e Freideg de Moien. An dat sollte sech allen 12 Deputéiert zu Häerz huelen. Verschiddener wiere wakereg gerëselt gi vun der Kritik. Si selwer och. Et misst een awer bedenken, datt d’LSAP déi lescht 40 Joer ëmmer Regierungsverantwortung gehat hätt, huet d’Liz Braz argumentéiert. Do misst ee sech fir d’éischt dran erëmfannen. Anescht wéi d’CSV wieren d’Sozialisten awer net an engem “frustréierte Prozess” a si wier och dovunner iwwerzeegt, datt et vu lo u just géif nach “geschlossen Richtung 2028 goen”.
Net de richtegen Zäitpunkt fir d’Parteipresidence
Am Mäerz gëtt d’LSAP sech eng nei Parteispëtzt fir den Duo Closener-Biancalana ofzeléisen. D’Liz Braz gesäit sech fir den Ament net an där Roll. Si wéilt hir ganz Energie an hiert Chambermandat investéieren, sot d’Escher Politikerin e Freideg de Moien. Et sollt een och näischt iwwerstierzen. Datt mam Maxime Miltgen a Flore Schank méi Nimm zirkuléieren, déi nieft dem Georges Engel kandidéiere kéinten, fënnt d’Liz Braz positiv. D’Kandidate missten hirer Meenung no virun allem eppes sinn. An zwar Leit mat enger Linn. Et wier kruzial, datt Partei a Fraktioun op enger Linn sinn.
Stéphanie Obertin “blatzeg” am Mobbing-Dossier op der Uni Lëtzebuerg
D’Liz Braz huet e Freideg de Moien net mat Kritik un der liberaler Héichschoulministesch Stéphanie Obertin wéinst hirer Gestioun vun de Mobbingreprochen op der Uni Lëtzebuerg gespuert. D’Virwërf, déi an der Press geäussert goufen, kéint een hirer Meenung no net als Eenzelfäll ofdoen. Dat Ganzt géif der Uni an domadder dem Land schueden. Duerfir misst een der Saach méi wéi mat engem Audit op d’Spuer goen, dee vun der Uni selwer an Optrag gi gouf. Och an dësem Dossier war den CSV-Koalitiounspartner och ganz kritesch mat der Aarbecht vum zoustännege Ministère.
Wat den Dossier “Sportmusée” betrëfft, waart d’Liz Braz gespaant op de juristeschen Avis, deen d’Regierung dozou an Optrag ginn huet. Donieft stinn nach d’Äntwerten aus op de Froekatalog, deen d’Budgetskontrollkommissioun an der Chamber un d’Regierung geschéckt hat. Besonnesch schwéier wier fir den Ament nach ze wëssen a wéi wäit a wéini de Finanzministère och Bescheed wosst oder net. Datt sech am Endeffekt rausstelle géif, datt an der Prozedur alles riicht gelaf wier, kann d’Escher Conseillère sech beim beschte Wëllen net virstellen. De Sportmusée u sech géif d’LSAP net prinzipiell a Fro stellen. Ob en zu deem Präis an zu Esch gebaut misst ginn, wier eng aner Saach.
Invité vun der Redaktioun: Liz Braz
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.