
"Rendre visible, l’invisible" – ënnert dësem Motto gouf d’LUGA, d’Luxembourg Urban Garden Expo, organiséiert, mam Zil, d'Natur an de Stied nees méi visibel an erliefbar ze maachen. En Usproch, deen no Aussoe vun de Responsabele beim Bilan e Mëttwoch och erfëllt gouf.
D'Organisateure schwätze siwe Méint no der Gaarden- a Landschafts-Expo vun engem klore Succès, souwuel wat d'Visiteuren ugeet, wéi och den Impakt op d'Stied, d'Landwirtschaft an d'Nohaltegkeet.
De Bilan wier extreem positiv ausgefall, esou d‘Ann Muller, Coordinatrice vun der LUGA. Och wann et – wéinst dem oppene Konzept am ëffentleche Raum – keng exakt Zuele vun de Visiteure gëtt, weisen eng Rei Indicateuren eng héich Frequentatioun. Eenzel Installatiounen hunn zéngdausende Visiteuren ugezunn. Esou huet d'Orchideeën-Zär um Site vun der Fondation Pescatore iwwer 33.000 Leit ugelackelt, d’Serre merveilleuse am Stater Park méi wéi 24.000 an d'Installatioun "The Lower World" am Aquatunnel iwwer 14.000.
Och zu Ettelbréck war den Interesse grouss: iwwer 64.000 Passagë goufen tëscht Mee a September um Landwirtschafts-Parcours gezielt. Zousätzlech zu de ville Visiteuren aus der Regioun schätzt Luxembourg For Tourism, datt ronn 370.000 Touristen d'LUGA besicht hunn.
Den Erfolleg vun der Gardenexpo, esou d‘Ann Muller, léich op der Hand: "Dee läit duerch d‘Sondagen op der Hand, dee läit awer och mat de gléckleche Gesiichter a mat de Leit, déi op de Sitte waren, op der Hand. An de Succès war, dass mir eis Stad nach eng Kéier vun hirer beschter Säit gewisen hunn, an déi wichteg, wichteg Themen, déi mir haten, a mir haten der 15, fir déi an eng Ausstellung ënner ze kréien. Dofir och den Titel 'Rendre visible, l‘invisible' seet schon, mir hunn eis Stad siichtbar gemaach, awer och d‘Landwirtschaft.“
D‘LUGA stoung ganz am Zeeche vun der "Economie circulaire“, mam Zil, Ressourcen nohalteg ze notzen an esou vill Elementer an Installatioune wéi méiglech, no der Ausstellung ze recycléieren oder ze revaloriséieren. D‘Projete goufen esou gebaut, dass no der Expo d‘Material nees weider benotzt ka ginn: "An esou ass et, dass mir vun deenen 93 Projeten, déi mir an der Stad gebaut hunn, iwwer 20 an der Stad kënne bleiwen an déi aner Materialien, also d‘Gäert, déi net konnte bleiwen a mir net konnte weiderginn, 98% vum Material erëm an de Circuit gaangen ass. Mir hunn déi Ligne Blumm gemaach, wou mir Miwwele kreéiert hunn, vun der Signalétique aus dem Holz, mir hu Laptop-Poschen a kleng Kulturbags gemaach vun de Baatschen, voilà d‘LUGA lieft weider."
D'LUGA sollt och de Leit d'Relatioun tëscht Stied a Landwirtschaft méi no bréngen an Themen ewéi Nohaltegkeet a Liewensmëttelproduktioun méi visibel maachen. Dat wier der Landwirtschaftsministerin Martine Hansen no och gelongen: "Dat Regionaalt, dat Saisonaalt an de Bio dee mir hunn, ass op deenen eenzele Plazen, wou et op der LUGA z‘iessen an ze drénke ginn ass, an de Mëttelpunkt gesat ginn. Mir haten eis LUGA-Wurscht, eise LUGA-Béier, mir hate LUGA-Crémant, mir haten eist LUGA-Brout, fir eeben ze weisen, wat mir hei zu Lëtzebuerg u gudde Produkter produzéieren, dass een déi nach méi an de Mëttelpunkt stellt an dofir denken ech, dass dat schonn ee Succès war."
De Budget fir d’LUGA war am Joer 2021 u sech op ronn 10 Milliounen Euro festgeluecht ginn, ass am Laf vum Projet awer op 22 Milliounen no uewen ugepasst ginn. Schlussendlech sinn awer nëmme ronn 19 Milliounen Euro gebraucht ginn. D‘Differenz fléisst elo nees zréck an d’Keesse vum Staat an der Stad Lëtzebuerg, déi de Projet gréisstendeels finanzéiert hunn.
D’Coordinatrice vun der LUGA, zesumme mat der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, hunn iwwerdeems ënnerstrach, datt d’Expo hirer Meenung no och dozou bäigedroen huet, dass d'Stad enger Ëmfro vun Tripadvisor no, un där iwwer 3 Millioune Mënschen deelgeholl hunn, zur schéinster Haaptstad an Europa gewielt gouf.