Hoffnung vun der ANILDoleancë vun Infirmieren an Infirmièrë solle Gehéier fannen

Lynn Cruchten
Fanny Kinsch
Vum 1. Juni u gëtt d'Funktioun vum „Chief Nursing Officer" am Gesondheetsministère besat, wat d'Anne-Marie Hanff vun der ANIL begréisst.
Doleancë vun Infirmieren an Infirmièrë solle Gehéier fannen
Vum 1. Juni u gëtt d'Funktioun vum „Chief Nursing Officer" am Gesondheetsministère besat, wat d'Anne-Marie Hanff vun der ANIL begréisst.

"Déi aktuell sanitär Kris léist eis fillen, wéi wichteg d’Fleeg fir onse Gesondheetssysteem ass". Sou steet et an engem gemeinsame Communiqué vun der Santé an der Assosciatioun vun den Infirmières an infirmiers zu Lëtzebuerg.

An deem gëtt och präziséiert, datt vum 1. Juni un d’Funktioun vum „Chief Nursing Officer” am Gesondheetsministère besat ass. Déi ënnerschiddlech Acteure géifen heimat en Uspriech-Partner fir Froe kréien, déi d’Fleeg oder den Infirmiersberuff concernéieren.

Den „Chief Nursing Officer” wäert och bei strategeschen Decisiounen, déi d’Fleeg betreffen, matwierken.
Beruff Infirmier: Wënsch a Suergen 

D’ANIL hofft, dass d‘Bewosstsinn iwwert d’Wichtegkeet vum Beruff vum Infirmier unhält an dass d'Doleancë vun den Infirmieren an deenen, déi et wëlle ginn, och elo Gehéier fannen.

Notamment géif sech ëmmer nach en neit, méi modernt Gebai fir de Lycée fir Gesondheetsberuffer gewënscht ginn. Ausserdeem ass et weiderhin d’Fuerderung, dass een d’Formatioun vum Infirmier hei am Land net als BTS, mä mat engem Bachelor-Diplom kann ofschléissen. Dat géif de Beruff valoriséieren an och vläicht méi Jonker dofir begeeschteren. Et dierft een net vergiessen, dass et ëmmer nach u Personal am Gesondheets- a Fleegesecteur zu Lëtzebuerg géif feelen. An d’Majoritéit vun den Infirmiere géif weider aus den Nopeschlänner an de Grand-Duché schaffe kommen.

Diskussiounen an der Chamber

An der Chamber gouf en Dënschdeg eestëmmeg e Gesetz ugeholl, fir ënnert anerem d'Situatioun vun de Gesondheetsprofessionellen, déi wärend der Kris e CDD beim Staat kruten, iwwert de Schluss vum Etat de crise eraus ze klären.

D'Deputéiert vun déi Lénk, ADR a Piraten hu vun hirer Riedzäit profitéiert, fir nach eng Kéier op d'Situatioun vun den LTPS-Infirmier-Schüler opmierksam ze maachen. Dës kruten ee Moment gesot, hir Kontrakter géife fréizäiteg ophalen an duerch onbezuelt Stagen ersat ginn - d'Situatioun huet sech awer iwwert de leschte Weekend gekläert.

Dat wier kloer e Mëssel gewiescht, esou de Minister vum ëffentlechen Déngscht, de Marc Hansen. Wéinst der Kris hätt misse ganz séier geschafft ginn an do kéinten och mol Feeler geschéien.

De Marc Hansen

"Et sinn an der Zäit ronderëm den 29. Mäerz, mat den Zuelen, déi de Rapporter och hei ernimmt huet, war net ze gesinn, wat alles eventuell op eis kéint duerkommen. Dunn ass bannent kuerzer Zäit och op dem GovJobs.lu en Opruff gemaach ginn, fir déi Reserve sanitaire am Land ze mobiliséieren. Do si Volontairë gesicht ginn, do si Leit gesicht ginn, déi eng Hand mat géifen upacken, dat waren Dausende Leit, déi dat kéinte maachen an do ass bannent engem Weekend praktesch a bannent e puer Nuechte vu Beamten, déi aus der Fonction publique koumen, déi hei als "Back office", wann ech esou däerf soen, fir de Santésministère zu Dosende gehollef hunn, fir dat hei iwwerhaapt operationell hinzekréien."

Offiziellt Schreiwes

Internationalen Dag vun den Infirmiers an Hiewammen (12.05.2020)
Communiqué par: Ministère de la Santé / ANIL (Association nationale des infirmières et infirmiers du Luxembourg)

Déi aktuell sanitaire Kris léist eis fillen, wéi wichteg d'Fleeg fir onse Gesondheetssysteem ass. D'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) huet d'Joer 2020 als d'Joer vun den Infirmieren an den Hiewanen deklaréiert. An deem selwechten Kader gouf e Rapport „State of the world's nursing" verëffentlecht, mat deem d'Regierungen an all concernéiert Acteuren dozou opgeruff ginn, an d'Formatioun, d'Aarbechtsplazen an de Leadership vun den Infirmièren an Infirmieren ze investéieren. An enger Entrevue tëscht der Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Vertrieder vun der Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren (ANIL) konnten ënnert anerem d'Fuerderungen aus dësem Rapport beschwat ginn.

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert: „Fir mech ass den internationalen Dag genau sou wéi d'Joer vun den Infirmieren an Hiefanen eng eemoleg Geleeënheet, fir dëse Gesondheetsberuffer eisen déiwen Dank auszeschwätzen. Nieft den Dokteren stinn si an éischter Linn vun der Prise en charge an assuréieren e mënschleche Kontakt mam Patient. D'Infirmieren hunn dowéinst eis voll Ënnerstëtzung, fir d'Qualitéit vun hirer Ausbildung a fir hir wichteg Rollen an dem Beräich vun den Soins weider auszebauen."

Vum 1. Juni u gëtt iwwerdeems d'Funktioun vum „Chief Nursing Officer" am Gesondheetsministère besat. Déi ënnerschiddlech Acteure kréien heimat eng Uspriechpersoun fir Froen, déi d'Fleeg oder den Infirmiers-Beruff betreffen. Den „Chief Nursing Officer" wäert bei strategeschen Entscheedungen, déi d'Fleeg betreffen, matwierken.
Anne-Marie Hanff, Presidentin vun der ANIL: „D'Infirmièren/Infirmieren sinn d'Experte vun der Fleeg a musse fir sech selwer an der Fleege-Politik matschwätze kënnen. Den „Chief Nursing Officer" ass e wichtege Schrëtt an eng immens Wäertschätzung vun der Aarbecht vun all Infirmier(ère) während an no der Corona-Pandemie!"

RTL-Artikel: En Abléck an hiren Alldag: Een Dag vun engem Infirmier / enger Infirmière

Back to Top
CIM LOGO