EuropaschoulenD'Ofschlossexame goufe fir dëst Joer annuléiert

RTL Lëtzebuerg
An den Europaschoule sinn d'Ofschlossexamen annuléiert ginn. Dat huet de Conseil supérieur en Dënschdeg decidéiert.

Den Educatiounsministère hat d'lescht Woch decidéiert, datt d'Ofschlossexamen am Secondaire bäibehale ginn, d'Europaschoulen hunn anescht decidéiert.

De Kolleege vum 5min no, gouf en Dënschdeg e Circulaire verschéckt, an deem confirméiert gëtt, dass d'Ofschlossexamen an den Europaschoule fir dëst Joer annuléiert sinn. Déi Schoulen, déi d'Orallen an déi schrëftlech Exame wëlle maachen, kéinten dat am Hierscht nohuelen.

Och d'Prüfungen op den aneren Niveaue ginn net geschriwwen. Do gëllen d'Notten aus dem éischten Semester.

D'Elteren wieren en Dënschdeg vum Conseil supérieur informéiert ginn, huet et op Nofro vum Sekretariat vun der Europaschoul geheescht.

Lycée Vauban

Eng änlech Decisioun hunn och déi Responsabel am Lycée Vauban geholl. An engem Schreiwes heescht et:

"L'ensemble des épreuves du diplôme national du brevet et du baccalauréat général, technologique seraient validées à partir des notes du livret scolaire, à l'exception de l'épreuve orale du baccalauréat de français qui est maintenue".

Back to Top
CIM LOGO