Mëllech mat SolarenergieD'Luxlait huet elo eng vun de gréisste Fotovoltaik-Anlagen am Land

RTL Lëtzebuerg
Op den Diecher vun den Halen um Rouscht, wou d'Mëllech produzéiert gëtt, goufen iwwert déi lescht 2 Joer Solar-Panneauen installéiert.
D'Luxlait huet hir Fotovoltaik-Anlag ageweit / Rep. Ryck Thill
Op den Diecher vun den Halen um Rouscht, wou d'Mëllech produzéiert gëtt, goufen iwwert déi lescht 2 Joer Solar-Panneauen installéiert.

E Freideg ass d'Fotovoltaik-Anlag offiziell ageweit ginn. Déi 14.000 Meterkaree grouss Surface op den Diecher vun der Luxlait liwwert elo grénge Stroum fir d'Mëllechproduktioun. Matt hire 5.391 Solar-Panneauen ass dëst eng vun de gréisste Fotovoltaik-Anlagen am Land. Dës Installatioun produzéiert eppes méi wéi 1.600 Kilowattstonne Stroum, esou vill wéi 535 Stéit an engem Joer verbrauchen. D'Luxlait kann domadder 10 Prozent vun hirer Consommatioun ofdecken.

1,4 Milliounen Euro goufen an dëse Projet investéiert. Schonn d'lescht Joer gouf een Deel vun der Anlag a Betrib geholl, e Freideg konnt dunn déi ganz Installatioun offiziell ageweit ginn.

Back to Top
CIM LOGO