Eng Première"DLG"-Goldmedail fir e Lëtzebuerger Spruddelwaasser

RTL Lëtzebuerg
Virun engem Joer huet d'Brasserie Nationale en neit Spruddelwaasser erausbruecht. E Waasser mat Succès.
© RTL

Am Januar dëst Joer krut d'Spruddelwaasser Lodyss vun der Deutsche Landwirtschafts-Gesellschaft (DLG) de "Goldener Preis" an deemno déi maximal Nott 5/5. Fir Lëtzebuerg ass dat eng Première.

D'DLG gouf 1885 als éischt europäesch Organisatioun agro-alimentaire gegrënnt. Hir Experten analyséieren all Joer bis zu 260 Mineralwaasser-Zorten. Dëst Joer ass et Lodyss, dat d'Experten iwwerzeege konnt.

D'Waasser kënnt aus enger Déift vun 300 Meter a soll nach aus der Äiszäit stamen, dat heescht 30.000 Joer al sinn. Dat géif dee renge Goût ausmaachen. D'Waasser huet donieft 0 Nitrater, net vill Sodium a Mineralien a ka vu jidderengem ouni Bedenke gedronk ginn.

PDF: Schreiwes vu Munhowen S.A.

Back to Top
CIM LOGO