
De Paul-Henri Meyers war den Haapt-Auteur vum Text vun 2018 an hie sot den Dënschdeg de Moien um 100,7, datt deen Text nach ëmmer gutt wier an d’ursprénglech Iddi, fir d’Leit iwwert deen Text ofstëmmen ze loossen, och.
No de Walen 2018 hat d’CSV de Kompromëss mat de Regierungsparteien aus diverse Grënn opginn. De Paul-Henri Meyers huet de fréieren CSV-President Frank Engel dofir verantwortlech gemaach. Deen hätt senger Meenung no net wëlle mat de Regierungsparteien eng gemeinsam Cause iwwerhuelen.
Fir d’Verfassung ze änneren, sinn d’Regierungsparteien op d’CSV ugewisen. Zanter dem Revirement vun 2018 hunn déi 4 Parteien decidéiert, just nach 4 Kapitele vun der Verfassung ze änneren. D'Kapitel Justiz krut an engem éischte Vott am Oktober gréng Luucht vun der Chamber an aktuell leeft eng Petitioun op de Gemengen, fir e Referendum iwwer dat Kapitel ze froen.
En Donneschdeg ass eng Debatt an der Chamber, nodeems eng Onlinepetitioun mat méi ewéi 18.000 Ënnerschrëften der bei wäitem genuch gesammelt huet. Déi 25.000, déi néideg gewiescht wieren, fir d’CSV ze iwwerzeegen, e Referendum ze froen, krut se awer net.