
De Chambersite bleift fir den Ament weider "offline". Wéi eis de Generalsekretär vun der Chamber Laurent Scheeck erkläert huet, hätt sech en Donneschdegmoien erausgestallt, datt d'Envergure vum Problem nach net bekannt ass, an datt dowéinst d'Sécherheetsmesuren nach méi laang misste bäibehalen ginn. Wéi laang, ass fir den Ablack nach net ofzegesinn. U sech sollt de Site vun der Chamber an dee vun de Petitiounen nees vun 08h00 un normal funktionéieren, dat hat d'Chamber e Mëttwoch an engem Communiqué matgedeelt.
Hannergrond ass e versichten Hacker-Ugrëff. Dem Laurent Scheeck no hätten déi Responsabel dowéinst e Mëttwoch eng drastesch Mesure geholl. Et hätt een net anescht kënnen, wéi all d'Systemer ofzeschalten, als Reaktioun op en "averéierte Sécherheetsrisiko". Date wiere bis dohinner awer net geklaut ginn. D'Mesurë géife sou laang verlängert bis et sécher ass, datt et kee Risiko méi gëtt, betount Laurent Scheeck, dee warscheinlech e bëssche berouegt ass iwwert den Zäitpunkt. Den Impakt op dat politescht Geschäft an der Chamber ass wéinst der Vakanz alt wéinstens limitéiert, well den Ament keng Sitzungen sinn. Well den Ament awer och keng Petitioune kënnen ënnerschriwwe ginn, wäerten d'Delaien awer warscheinlech, wéi an der Vergaangenheet och schonn, verlängert ginn.
D'Chamber war an der Vergaangenheet scho mat engem Leak an informatesche Problemer no engem Update konfrontéiert. Datt een awer souzesoen carrement de Stecker zitt, fir all Sécherheetsproblem aus de Féiss ze goen, ass eng Première.
