Jonker a CoronaDiskussioune ronderëm d’Party am Park

RTL Lëtzebuerg
Déi leschte Weekender koum et ëmmer rëm zu gréisseren Mënschenusammlungen op der Kinnekswiss am Stater Park.
Diskussioune ronderëm d’Party am Park
Déi leschte Weekender koum et ëmmer rëm zu gréisseren Mënschenusammlungen op der Kinnekswiss am Stater Park.

Virun allem Jonker hu sech hei getraff, fir trotz Corona zesummen ze feieren. Deelweis ass dëst och eskaléiert an d’Police krut Kläppereien, Freedefeier an Déifställ gemellt. Dovun ofgesinn goufen dacks déi aktuell Corona-Mesurë wéi Distanz, Mask oder Alkoholverbuet an der Ëffentlechkeet net agehalen. Virun allem op de sozialen Netzwierker gëtt den Ament hefteg iwwer driwwer diskutéiert wéi weit sou eng Party am Park ze toleréieren ass, a wéini heimat och aner Leit a Gefor geroden. An deem Kontext hu mir allgemeng gekuckt, wéi schwéier et fir déi Jonk ass, schonn iwwert e Joer laang hir sozial Kontakter, sportlech Aktivitéiten an aner Fräizäitbeschäftegungen ze reduzéieren oder souguer ganz anzestellen. Wéi gi si domadder ëm a wéi wichteg ass et dofir, dass Aktivitéite vun Jonken och beschtméiglech encadréiert sinn, fir dass et eben net zu iwwerdriwwenem Risiko kënnt.

Back to Top
CIM LOGO