
Hien däerf zanterdeem net méi an der Schoul schaffen. De Mann kritt reprochéiert, deels mannerjärege Schülerinnen onpassend Messagë geschéckt ze hunn. Rieds geet ënnert de Schüler vun engem oppene Geheimnis.
Den Direkter Marcel Kramer huet virun e puer Deeg an engem interne Message un d'Schoul-Communautéit vum Dikrecher Lycée, deen eis virläit, reagéiert.
D'Direktioun géif all Form vu Belästegung verurteelen. D'Schüler an d'Eltere kéinte sech zu all Moment un de Regent, de SePAS oder d'Direktioun adresséieren. Och un de Schülercomité an d'Elterenassociatioun.
Am Februar 2020 hätt eng Schülerin hien informéiert, datt si onpassend Messagë vun engem Enseignant kritt hätt, deen net ee vun hire Proffe war, schreift den Här Kramer. Hien ënnersträicht am Bréif, datt hie bis zu deem Moment net um Courant war vun änleche Reprochen. No enger Iwwerpréiwung wär de concernéierten Enseignant nach den Dag selwer schrëftlech verwarnt ginn. D'Schülerin wär dono net méi belästegt ginn.
Mëtt Mäerz dëst Joer wieren an engem internen an zouenen Instagram-Grupp weider Reprochë géint de selwechten Enseignant opgetaucht. D'Direktioun hätt doropshin direkt de Regierungskommissär à la discipline ageschalt. De Marcel Kramer erkläert, datt hien zanter dem 10. Mäerz no enger Operatioun um Réck am Krankeschäin ass. Dat, eisen Informatiounen no, nach bis den 10. Mee.
Den Direkter vum Dikrecher Lycée bedauert, datt Schüler belästegt goufen a seet, et wär enorm wichteg, datt géif reagéiert ginn, fir datt esou eng Situatioun net méi virkënnt. Dowéinst gouf en Aarbechtsgrupp decidéiert mam Objektiv, fir dem Dikrecher Lycée eng Strategie de "bientraitance" ze ginn. Jidderee wär invitéiert, der Direktioun Remarken an Doleancen zoukommen ze loossen.
De Marcel Kramer steet den Ament fir en Interview net zur Verfügung, well e wéi gesot am Krankeschäin ass.
Op Nofro hin huet d'Direktioun ënnerstrach, datt een net probéiert hätt, eppes ze verdecken an een direkt versicht hätt, ze reagéieren.