Nationalen Zenter fir RadiotherapieD'Hallschent vun den 3.000 Kriibsfäll ginn am Centre François Baclesse behandelt

Lynn Cruchten
Knapp 3.000 Kriibsfäll ginn all Joers zu Lëtzebuerg detektéiert.
Nationalen Zenter fir Radiotherapie
D'Hallschent vun den 3.000 Kriibsfäll ginn am Centre François Baclesse behandelt

74 Mataarbechter këmmere sech hei all Dag ëm d’Kriibspatienten.

An dat zum Deel scho méi wéi 20 Joer, zënter dass de Centre Baclesse offiziell als „Utilité publique“ unerkannt ass. Déi nei Annexe feiert dëst Joer schonn hiren 10. Gebuertsdag.

Vun de verschiddene Kriibszorten, déi am nationalen Zenter fir Strahlentherapie traitéiert ginn, si bal 50% op Broscht- a Prostatekriibs zréckzeféieren.

2020 huet de Prof Guillaume Vogin de Poste vum Generaldirekter vum Centre François Baclesse iwwerholl. D’Corona-Pandemie hätt op d’Aarbecht am Radiotherapie Zenter net vill Afloss gehat, sou de Prof Vogin. Et wieren deemno och net manner Patienten an eng Behandlung komm.

Back to Top
CIM LOGO