LCGBD'Gewerkschaft verlaangt eng koherent Exit-Strategie

RTL Lëtzebuerg
D'Gesondheet vu jidderengem soll protegéiert ginn. Dofir solle fir d'Entreprisë kloer a präzis Sécherheetsreegelen definéiert ginn.

Dat néideg Sécherheetsmaterial soll zur Dispositioun gestallt ginn an et soll kontrolléiert ginn, dat d'Reegelen och strikt applizéiert ginn.

Dernieft gëtt d'Gewerkschaft an hirem Communiqué ze verstoen, datt d'Mesure vum chômage partiel zwar begréisst gëtt, ma déi géing awer net duergoen. Et bräicht een eng garantie salariale, déi 100% vum Loun ofdeckt.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO