
Dat nodeems den Essentiel dat gemellt hat.
D'CSV-Buergermeeschtesch gëtt zou, dass d'Biergerinnen a Bierger kloer decidéiert hunn, dass si géint d'Ofrappe vum Gemengenhaus sinn.
D'Oppositioun hat der CSV-Déi Gréng-Majoritéit reprochéiert, de Projet wär vill ze deier.
Dat kloert Resultat vum consultative Referendum géif et net erlaben, dat 20 Joer aalt Gebai awer ofzerappen an de Projet duerchzezéien. 74 Prozent vun de Bierger hat sech géint de Projet ausgeschwat.
Gëtt d'Gemeng zu Sandweiler dann elo renovéiert? ''Ech weess net wat elo geschitt'', huet d'Simone Massard-Stitz op déi Fro geäntwert. Et wär awer net nëmmen ëm en neie Projet u sech gaangen, mä virop dorëms, dass et an dësem Gebai keng fräi Bürosfläch méi gëtt, fir Gemengebeamten anzestellen, bedauert d'Buergermeeschtesch vu Sandweiler.
Virum Referendum: Neie Projet vu Sandweiler Märei presentéiert
E Referendum, dee Froen opwerft: "Wëllt Dir eng nei Gemeng op den aktuelle Site?"