Elo mellt d’Amicale vum CIPA sech zu Wuert; hire President ass engersäits am Käler Gemengerot an op där anerer Säit ass d’Mamm vum gebiertegen Téitenger Pensionärin zu Rëmeleng am Roude Fiels.
De President vun der Amicale fäert fir seng Mamm an d’Familljeministesch schwätzt vun enger “imminenter” Léisung
Eng Ausso vum Corinne Cahen, déi hoffe léisst. RTL géigeniwwer sot de Käler DP-Conseiller Patrick Krings, d’Ministesch hätt sech vis-à-vis vun him optimistesch gewisen, dass ee sech mam Architekt, deen d’Pläng vum neie Rëmelenger Altersheim gezeechent huet, no engem jorelaange Litige géif eens ginn.
De Staat hat de Budget fir en Neibau 2006 gekierzt an an engem neien Altersheim fir Rëmeleng keng Prioritéit méi gesinn.
De Patrick Krings setzt sech am Gemengerot dofir an, dass Käl, mee och Rëmeleng déi néideg Infrastrukture fir eeler Leit kënnen opriichten.
D’Gebai, an deem seng meng Mamm lieft, wier mat enger Toilette an engem Buedzëmmer pro Stack, net nëmme net méi zäitgeméiss, mee dës vereelzten Infrastrukture wieren a Corona-Zäiten eng Gefor fir Pensionären a fir d’Personal.
