Ëm 0,1 °CDezembertemperatur aus dem Joer 1953 um Findel geknackt

RTL Lëtzebuerg
Den Dënschdeg 17. Dezember 2019 wäert wuel an d'Geschicht vum Fluchhafe Findel agoen ...
© Archivbild

... an dat net, well ze vill Leit de Fliger wollten huelen oder éieren ee Problemer um Tarmac constatéiert gouf, ma well et fir d'Joreszäit Dezember nawell waarm war.

14,7 °C goufen op der Wiederstatioun um Findel gemooss. Domat gouf de Rekord aus dem Dezember 1953 geknackt.

Och an Australien gouf et en Dënschdeg dee wäermsten Dag, dee jeemools gemooss gouf. De Wiederexperten no soll et an den nächsten Deeg souguer nach méi waarm ginn.

Zanter Méint ass Australien jo och mat Honnerte Bëschbränn geplot, d'Situatioun soll sech souguer nach verschlëmmeren.

RTL NEWS: Neien Hëtzt-Rekord an Australien gemooss

Back to Top
CIM LOGO