Wat bedeit d’Effikassitéit vun engem Vaccin? Firwat sinn Impfzentren néideg?
1. Lëtzebuerg keeft Covid-19-Vaccinen iwwer d’EU-Kommissioun
D’EU-Kommissioun huet bis elo mat 6 verschiddene Produzente Kontrakter ofgeschloss. Dat fir bis zu 2 Milliarden Dosen Impfstoff, sollten d’Vaccine sech als sécher a wierksam erweisen.
Déi villverspriechendst Impfstoffer, déi an den nächste Méint kéinten disponibel sinn, si Pfizer/BioNTech, Moderna an AstraZeneca. Si hunn déi decisiv 3. Testphas hannert sech, do konnt eng gutt bis ganz gutt Effikassitéit nogewise ginn. Virun Enn dës Joers hunn 2 vun den 3 Produzente wëlles, weltwäit 520 Milliounen Dose Vaccinen op de Maart ze bréngen. 2021 solle 5 Milliarden Dosen nokommen.
2. Zouloossung fir den europäesche Maart
Dofir ass d’EMA zoustänneg. D’Europäesch Medikamentenagence, déi extra acceleréiert Zouloossungsprozeduren an d’Weeër geleet huet. E sougenannte Rolling Review. Dat bedeit awer net, datt Etappe bei der Zouloossung vum Impfstoff iwwerspronge ginn, mee ganz einfach datt d’EMA permanent déi neisten Testdate kritt an déi schonn auswäerte kann. Amplaz réischt um Enn vun de Studien. Op dës Manéier gëtt keng onnëtz Zäit verluer.
D’EU-Kommissioun geet dovunner aus, datt scho Mëtt Dezember éischt Vaccine kéinten disponibel sinn. Et rechent ee mat 45.000 Dose fir Lëtzebuerg.
D’Effikassitéit vun den 3 Vaccinen, déi deemnächst op de Maart komme sollen, schwanken tëscht 62 a 95%. Wat seet dat aus?
D’Effikassitéit steet fir d’Schutzwierkung vum Impfstoff.
Fir dës erauszefannen, gëtt de Vaccin an der 3. Testphas un dausende Persounen ausprobéiert. Grad esouvill Leit kréien e Placebo-Impfstoff, dat ass d’Kontroll-Grupp. Da gëtt gekuckt, wéi vill Testpersoune sech mam Coronavirus ustiechen.
Bei den Tester fir de Moderna-Vaccin beispillsweis hate sech 95 Leit ugestach. Dovunner awer just 5 déi geimpft waren. Deemno ass de Risiko fir geimpft Testpersounen u Covid-19 ze erkranken ëm 94,5% méi kleng wéi fir Persounen, déi net geimpft sinn. 90% ass ganz héich, do sinn d’Experte sech eens. Allerdéngs muss een dovunner ausgoen, dass den Impfstoff ausserhalb vun den Tester e bëssen u Wierksamkeet verléiert.
Beim Vaccin vu BioNTech/Pfizer koum eng Effikassitéit vu 95% eraus.
Beim AstraZeneca-Impfstoff war d’Wierksamkeet emol 62% an emol 90%.
Dat läit dorunner, datt de brittesch-schwedesche Grupp ënnerschiddlech Impfdosagen ausprobéiert. Fir e kompletten Impfschutz si jo 2 Vaccinen néideg.
Goufen d’Testpersounen 2 Mol mam selwechten Dosage geimpft, war d’Wierksamkeet just 62%.
Goufe se allerdéngs eng éischte Kéier mat méi enger schwaacher Dose geimpft wéi déi zweete Kéier, war de Vaccin zu 90% wierksam.
Wisou dat esou ass, dofir gëtt et nach keng Erklärung.
D’Weltgesondheetsorganisatioun huet iwwregens eng minimal Wierksamkeet vu 50% fir de Covid-19-Vaccin verlaangt.
An enger éischter Phas kéint Lëtzebuerg Enn dës Joers 45.000 Dose Vaccin géint de Covid-19 kréien, domadder kéinten 22.500 Persoune geimpft ginn. Wie wäert do prioritär dru kommen?
Et kann ee dovunner ausgoen, datt fir d’éischt d'Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur geimpft gëtt. Dat eleng si schonn eng 17.000 Persounen. An dann eeler Leit iwwer 65 a vulnerabel Persounen. Allerdéngs hänkt et och dovunner of, wéi een Impfstoff als éischt geliwwert gëtt. Well verschidde Vaccine vläicht manner gutt bei eeleren oder vulnerabele Leit wierken. Do feelen am Moment nach detailléiert Informatiounen. Wichteg wier et awer och, d’Frontalieren an der Impfstrategie net ze vergiessen, seet de Virolog Pr. Dr. Claude P. Müller. Si géifen de Virus iwwerdroe wéi all di aner, vill vun hinne géifen am Gesondheetssecteur schaffen, anerer am Wirtschaftssecteur. Si misste grad esou d’Méiglechkeet kréien, sech impfen ze loossen, wéi d’Residenten.
D’Regierung iwwerdeems huet eng Impfstrategie ausgeschafft. Dës läit den Ament beim Ethikrot, fir aviséiert ze ginn.
Op d'mannst 3 regional Impfzentren sollen deemnächst ageriicht ginn. Firwat gëtt net an de Spideeler oder beim Hausdokter geimpft?
Well dat logistesch schwiereg ass. De Moderna-Impfstoff beispillsweis muss bei -20 Grad stockéiert ginn. De Vaccin vu Pfizer/BioNtech muss souguer bei -70 Grad gelagert ginn. Dofir brauch ee speziell medezinesch Killschief, sougenannten Ultra Low Freezeren. Fir datt de Vaccin stabil bleift, dierf d’Killketten net ënnerbrach ginn. An den Impfstoff muss och kontrolléiert entdeet ginn.
En anert Argument fir Impfzenteren ass, datt dës Strukturen esou wäerten opgebaut ginn, datt e Maximum u Leit esou séier wéi méiglech kënne geimpft ginn an dat op eng koordinéiert Aart a Weis. Warscheinlech wäerten déi administrativ Prozesser all digital oflafen, änlech wéi fir d’Large Scale Tester.
Dat kéint och hëllefen, besser en Iwwerbléck ze halen, datt d’Leit och zum richtegen Zäitpunkt fir déi zweet Impfung kommen, déi jo néideg ass, fir e maximale Schutz ze bidden.
Eng Impfflicht ass net virgesinn. Wéilaang wäert et daueren, bis all d’Leit, déi wëllen, geimpft sinn?
Dat ass ofhängeg dovunner, wéi séier mer genuch Dose Vaccin hunn, awer och dovunner wéi wëlleg d’Leit sinn, fir sech impfen ze loossen. Den Direkter vun der Santé rechent awer domadder, datt dat am Laf vum nächste Joer kéint de Fall ginn.
Wéi laang ass de Vaccin wierksam?
Dat ass schwéier soen, besonnesch fir déi nei Impfstoffer vu Biontech/Pfizer a Moderna, déi op enger ganz neier Technologie baséieren. Déi aner Méiglechkeet ass, datt de Virus séier mutéiert a mer an engem Joer schonn nees en neien Impfstoff bräichte wéi fir d’Gripp. Dono geséich et de Moment zwar net aus, seet de Virolog Pr. Dr.Müller, ma dat kéint sech awer nach änneren. Ofhängeg dovunner, wéi staark de Coronavirus zirkuléiert. Ob e sech zréckzéie géif, fir saisonal zréckzekommen. D’Dynamik vum Virus wier den Ament schwéier virauszegesinn.