Vu Schluechtverbuet bis Biertrenger SchlassDës Petitioune kënne vun elo un ënnerschriwwe ginn

RTL Lëtzebuerg
An der Chamber-Petitiounskommissioun kruten eng Partie nei Petitiounen e positiven Avis a kënnen deemno elo ënnerschriwwe ginn.

E Petitionär freet zum Beispill, dass Prüfungen duerch Portfolioen oder Projeten a Lycéeën ersat ginn. Och ëm d'Wuel vun den Déiere gëtt sech gesuergt: eng Petitioun freet e Schluechtverbuet vu Lëtzebuerger Notzdéieren an net-EU-zertifiéierte Schluechthaiser.

Da freet eng Petitioun, fir dass de Staat der Croix Rouge d'Biertrenger Schlass oder eng aner Baulechkeet ofkeeft, fir dorausser Strukturen, fir elengerzéiend Elteren ze schafen.

Eng weider Petitioun, déi sech ëm d'Schoul dréit, ass eng Propos, fir de Cours a Lycéeë vun 10 Auer unzefänken.

Da gëtt och e Mësstrauensvott géint d'Regierung vun engem Petitionär gefuerdert, eng aner freet, dass méi séier soll geimpft ginn. Eng weider Petitioun fuerdert dann, dass de Sputnik V soll zu Lëtzebuerg agesat ginn.

LINK: All d'Petitiounen um neie Site vun der Chamber

Back to Top
CIM LOGO