
Zesumme mam Fonds National de la Recherche Scientifique (F.R.S.-FNRS) an RTL Belgique ass decidéiert ginn, datt de groussen Télévie-Dag op den 19. September geréckelt gëtt.
Dëst Joer wäert d’Ofschloss-Sendung vum Télévie 2020 och opgrond vun der Entwécklung vum Coronavirus eng aner Form unhuelen a sech de Mesuren, déi vum Staat festgeluecht goufen, ugepassen.
An dëse schwéieren Zäiten, wou d’Gesondheet un éischter Stell steet, ass et wichteg, un all déi Leit ze denken, déi krank sinn. Gitt der Hoffnung eng Chance an hëlleft mat d‘Kriibsfuerschung ze ënnerstëtzen.
Bleift all gesond an doheem.