
An de Previsioune vu Kachelmannwetter gëtt dann och viru Glatäis gewarnt. No Hallefnuecht géifen d'Schnéischaueren a Richtung Osten ofzéien a moies sinn Temperaturen tëscht -1 a +2 Grad gemellt.
Den Dënschdeg bleift et gréisstendeels dréchen, éier am fréien Nomëtteg Reen oder esouguer Glëtz erofkomme kann, dat bei Temperature vun 1 bis 5 Grad.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?