
Zanter e Mëttwoch war en net méi accessibel, dat wéinst enger versichter Hacker-Attack. Dowéinst goufe Precautiounsmesuren getraff an de Sitte offline gesat, hat eis e Mëttwoch de Chamber-Generalsekretäer Laurent Scheek confirméiert. Et hätt een net anescht kënnen, wéi all d’Systemer ofzeschalten, dat als eng Reaktioun op en “averéierte Sécherheetsrisiko”.
Vun e Freideg de Moien u funktionéiert awer nees alles, just de Site vun de Petitiounen war e Freideg de Moie fréi nach net accessibel. D’Chamber war an der Vergaangenheet scho mat engem Leak an informatesche Problemer no engem Update konfrontéiert.