
D’Präisser vun den eeleren Haiser – an hei geet et ëmmer ëm déi affichéiert Präisser an den Annoncen - si liicht erop gaangen, ëm 2,7 Prozent. D’Appartementer sinn dogéint ëm 1.4 Prozent méi bëlleg ginn. D'Präisser vun den neien Appartementer bleiwe stabel.
D’Loyere ginn da weider an d’Luucht. Op ee Joer gekuckt, ass et eng Hausse vu 6,6 Prozent fir d’Haiser a 4,2 Prozent fir d’Appartementer.
atHome nennt Duerchschnëttsloyere vun 3.655 Euro de Mount fir en Haus, respektiv 1.932 Euro fir en Appartement.